Gooyxx? Iwwer mech / About me

"Gooyxx" ass e mäi ganz perséinleche Museks-Projet, deen ech am Laf vum Joer 2025 méi "offiziell" gestart hunn. Mäin Numm ass Guy Schrank an anescht wéi vill aner Museker, Artisten oder Produzenten hunn ech eréischt mat 49 Joer entscheet, meng Musek mat der Welt wëllen ze deelen. 

‘Gooyxx’ is my very personal music project, which I more ‘officially’ launched during 2025.
My name is Guy Schrank and unlike many other musicians, artists or producers, I only decided at the age of 49 to share my music with the world.

Meng éischt Erfaarungen mat Musek leie ganz vill Joren zréck a waren éischter e bëssi fräiwëlleg gezwongen. Meng Elteren hu gemengt, ech sollt grad wéi aner gutt Kolleegen aus menger Primärschoulsklass, op Péiteng an de "Solfège" goen an dann och léiere Piano ze spillen. Meng Begeeschterung huet sech deemools tatsächlech éischter a Grenze gehalen an d'Motivatioun ze üben war begrenzt.

Trotzdem huet mech dat Instrument mat de wäissen a schwaarzen Tasten awer e bëssi faszinéiert a wou ech dunn an den "80er" d'Kläng vun Synthesizern entdeckt hunn, huet dat mech definitiv matgerappt an ech hunn ugefaang, an dës Richtung ze experimentéieren. Solfège a Piano-Unterrecht hunn ech als Teenager iergendwann hannert mir gelooss an ech hu fir mech, als Hobby, doheem mat Synthesizer-Kläng gespillt. Mat MIDI a Computer hunn ech dunn Ufank 90er Joren, éischt Kompositiounen an Opnamen gemaach.

My first experiences with music go back many years and were rather a form of voluntary compulsion. My parents thought that, just like other good classmates from my primary school, I should go to the "solfège" and then learn to play the piano. In truth, my enthusiasm back then was rather limited, and my motivation to practise was low.

Nevertheless, I was somewhat fascinated by the instrument with the black and white keys, and when I discovered the sounds of synthesisers in the '80s, I was definitely hooked and started to experiment in this direction. As a teenager, I left solfège and piano lessons behind and played with synthesiser sounds at home as a hobby. With MIDI and a computer, I then made my first compositions and recordings in the early 90s.

Bedéngt duerch aner Prioritéiten am Liewen, duerch d'Aarbecht, duerch d'Famill (a wat och ëmmer) hunn ech dëst Hobby an den 2000er Joren éischter staark vernoléissegt an hunn nëmmen nach seelen Musek gemaach.

Dunn, am Laf vum Joer 2023, also no bal 20 Joer Paus, koum et zur "Rebirth" an ech hunn entscheet, meng fräi Zäit endlech rëm kreativ fir d'Musek anzesetzen. Den technesche Sprong deen d'Musek-Produktioun a mengen 20 Joer "Paus" gemaach hat, war iwwerwältegend.

D'Méiglechkeete fir, bezuelbar, an sengen eegene véier Wänn Musek ze maachen sinn explodéiert a kenne bal keng Grenze méi. Dës nei Méiglechkeeten entdecken ech aktuell a probéieren, domat meng kreativ Iddien nach besser ëmzesetzen.

Musek ass a bleift een Hobby, eng Passioun, an déi ech en Deel vu menger Fräizäit investéieren: natierlech freeën ech mech iwwer all positive Feedback, mee dofir muss mäi Sound beim Public ukommen. Ass dat de Fall, da motivéiert dat mech, weider Zäit an Energie an dëst Experiment ze stiechen.

Eppes ass sécher: an der Musekswekt gëtt et och fir mech nach ganz vill ze entdecken an ze léieren...

Due to other priorities in life, work, family (and whatever else), I rather neglected this hobby in the 2000s and only made music rarely.

Then, in 2023, after a break of almost 20 years, a “rebirth” occurred, and I decided to finally use my free time to get creative with music again. The technological leap that music production had taken during my 20-year ‘hiatus’ was overwhelming.

The possibilities for making music „affordably“, in your own home, have exploded and now know almost no bounds.

I am currently exploring these new possibilities and trying to use them to better realise my creative ideas.

Music is and remains a hobby, a passion, in which I invest part of my free time: of course, I welcome any positive feedback, but for that, my sound has to connect with the public. If that happens, it motivates me to put more time and energy into this experiment.

One thing is certain: in the world of music, there is still a great deal for me to discover and learn...