Musekstil / Musical style
Musek ass Liewensfreed, Rhytmus, Beweegung an nach villes méi. Meng Musek läit definitiv op enger Linn mat dëse Begrëffer. Wann ech et fäerdeg bréngen, mat menger Musek Leit zum Laachen, Beweegen oder Danze ze bréngen, dann hunn ech mat mengem Projet mäi perséinlecht Zil méi wéi erreecht…
Music is the joy of life, rhythm, movement and much more. My music definitely aligns with these concepts. If I manage to make people laugh, move or dance with my music, then I have more than achieved my personal goal with my project…
Ech hu mer mat dësem Projet e perséinlechen Challenge gesat, nämlech deen, a ville vu menge Lidder e Stéck „Lëtzebuerg“ anzebauen, sief dat iwwer d‘Sprooch, eis Geschicht, eis Kultur oder eis Gesellschaft… Et ass fir mech een Challenge, Lëtzebuerg mat der Popkultur vum 21. Joerhonnert verschmëlzen ze loossen, Neies an Ales ze vermëschen, eist Land, seng Leit a seng Traditiounen kreativ ze verschaffen.
E lëtzebuerger Vollekslidd an den Charts? Dat wier dach eppes, oder...?
Made
in Luxembourg,
made
with Luxembourg,
made
for Luxembourg.
My personal challenge is to incorporate a piece of ‘Luxembourg’ into many of my songs, whether through the language, our history, our culture or our society…
It's a challenge for me to merge Luxembourg with 21st-century pop culture, to blend new and old, to creatively shape our country, its people and its traditions.
A Luxembourgish folk song in the charts? That would be something, wouldn't it...?